Gefillsrees – staark duerch d'Gefiller
Kanner léieren hir Gefiller ze verstoen an ze begleeden (3–6 Joer)
Wann däi Kand séier rosen gëtt… an du net méi weess, wat hëllefe kann
Villäicht kenns du dat...
- Däi Kand gëtt séier rosen... an d'Situation eskaléiert
- Et fällt him schwéier,sech erëm zeberouegen
- Du probéiers vill - mee wees heiansdo net méi, wat wierklech hëlleft
An och an der Schoul oder Crèche:
- Gefiller iwwerhuelen
- Reaktioune ginn staark
- an d'Kand fënnt schwéier zeréck an d'Rou.
An dat mécht eppes mat dir als Elterendeel.
Wat wann...
däin Kand léiert:
- "Ah,dat ass Roserei"
- "Ech dierf dat spieren"
- "Ech wees,wat mir elo hëlleft"
Dat ass genee dat,wat mir an der Gefillsrees maachen
Wat d'Kanner léiren
An enger spillerescher, sécherer Atmosphär
- Gefiller erkennen (Roserei,Trauregkeet,Angscht,...)
- Gefiller benennen
- konkret Weeër fir sech ze berouegen
Net duerch Theorie
mee durch Erfarung, Spill a Widderhuelung
Besonnesch Fokus: Roserei
- Wat geschitt am Kierper?
- Firwat kënnt se esou séier?
- Wat hëlleft WIERKLECH am Moment?
Tools, déi d'Kand och an der Schoul notzen kann
Fir ween?
Fir Elteren vu Kanner (3-6 Joer), déi
- sech schwéier doen mat Roserei - Momenter
- hierem Kand wëllen hëllefen,sech besser ze reguléiren
- sech méi Rou am Alldag wënschen
No der Gefillsrees
- Erkennt däin Kand seng Gefiller méi séier
- fënnt et méi einfach zeréck zur Rou
- hues du konkret Strategien fir et ze begleeden
och an usprochsvollen Momenter
Organisatoresches
Datum: 9.5.26 & 16.5.26 & 23.5.26
Auerzäit: 14h00-15h00
3 Workshops à 60 Minutten
Bollendorf (Däitschland)
An engem klengen Grupp Maximal 3 Familienplazen
Begleedung
D'Gefillsrees ass fir dech an däi Kand zesummen
Dir erlierwt d'Workshops gemeinsam
Däi Kand fillt sech dobäi sécher
an du kriss konkret Tools fir den Alldag
Sou kanns du däi Kand och doheem an an usprochsvollen Momenter besser begleeden.
Package
Fir déi ganz Rees 179 € pro Famill
Ab dem 1. Workshop - Whatsapp-Austausch Grupp fir déi ganz Zäit.